Den 15. Abrëll war d’Generalversammlung vun der LPPD. D’Ried vum President Jean Pirsch gouf dorop per Courrier verschéckt.
Wou ech de Courrier gelies hunn, konnt ech deelweis net gleewen wat do stoung. Als (jonken) Historiker war ech schockéiert wéi d’LPPD mat mir a mengen Co-Historiker ëmgeet. Et gesäit aus, wéi wann d’LPPD seng Reaktionär Positioun wieder festegt am Plaz unzëerkennen, dass et héich Zäit ass eng wäitaus méi nuancéiert Perspektiv op den Zweete Weltkrich ze hunn. (1/13) #luxhist
Den Här Pirsch behaapt, déi Jonk Historiker géifen de „Wäert vun der Resistenz minimiséieren an erofspillen. […] Haut gëtt oft geschriwwen a gesot, dat d’Resistenzler nëmmen eng kléng Minoritéit gewiescht wieren […]“
Firwat gëtt ëmmer nach behaapt, dass eng grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung an der Resistenz war? Wann dat stëmmen géif, firwat sinn d’Nazien nëmmen am September 1944 duerch d’Amerikaner aus dem Land verdriwwen ginn an net duerch déi „allmächteg“ Resistenz. (2/13)
Zäitgläich ass genau dësen Discours schiedlech fir de Wäert vun der Resistenz: Resistéieren ass a bléift e Risk, Persounen déi dem Widderstand bäigetrueden sinn hunn bewosst hiert Liewen op d‘Spill gesat fir eng gréisser Cause: d’Fräiheet vum eegene Land. An dësem Kampf hunn och sëlleg Resistenzler hiert Liewe gelooss. (3/13)
Deenen ass iwwerhaapt net geéiert wann se an en Dëppen geheit ginn mat Persounen déi aus enger ganzer Réi vu Grënn eben net dem Widderstand bäigetrueden sinn oder souguer deene sëllegen déi an der leschter Minutt hir „Déngschter“ fir d’Resistenz geleescht hunn fir vun hirer Kollaboratioun ofzelenken. Eben wëll just eng Minoritéit vun der Bevëlkerung der Resistenz bäigetrueden ass, erhéicht sech de Wäert vun hiren Aktiounen. (4/13)
Resistenzler déi eben net den Choix getraff hunn ze kollaboréieren oder Attentisten ze si, mee déi de Risk agaangen sinn an och gewëllt waren, hiert Liewen fir e fräit Lëtzebuerg ze loossen. Just wann mir d’Alternativen duerstellen, gëtt de Wäert vun der Resistenz richteg duergestallt. Keen Historiker zweiwelt um Engagement an un der „Aufopferung“ vun den Resistenzler. Ze hannerfroen ass den Mythos, wëll eben deen Mythos de Wäert vun der Resistenz reduzéiert. (5/13)
Wann jiddereen an der Resistenz war, dann ass resistéieren eben näischt Spezielles méi, et ass keen Risk méi do. Widderstand vis-à-vis vun engem grausam diktatoreschen Regime ze leeschten ass dann en einfache Choix genau esou wéi ze Kollaboréieren oder ofzewaarden. Mee dat ass eben net de Fall, Widderstand leeschten ass e Risk, d’Liewen steet um Spill an dat gesinn mir haut nëmmen ze gutt a Russland an an der Ukrain mee och a sëlleg anere Plazen uechtert Welt. (6/13)
Den Här Pirsch schwätzt am Text selwer vun „zirka 10% Fraen a Männer an der aktiver Resistenz“, eng Ausso déi kontradiktoresch zu senger eegener Kritik un eise Jonk Historiker steet.
Zum Mythos vun der „Personenstandsaufnahme“ schloen ech hei den Text vum Mil Lorang vir: https://www.tageblatt.lu/headlines/hatten-die-nazis-die-ausloeschung-des-luxemburger-volkes-geplant/ (7/13)
Mythos in der hiesigen Gedenkkultur / Hatten die Nazis die Auslöschung des Luxemburger Volkes geplant?

Um die in diesem Beitrag offengelegten Fakten besser einordnen zu können, erachtet der Verfasser es als notwendig, sich eingangs mit den Besonderheiten der nationalsozialistischen Ideologie, also mit dem, was in Luxemburg „Nazismus“ (fr.: „nazisme“) genannt wird, auseinanderzusetzen. In Luxemburg sind nämlich die Nachkriegserzählungen unterschiedlicher Opfergruppen durch eine bewusste oder unbewusste Benutzung falscher Begriffe gekennzeichnet, die zu einer ungerechtfertigten Gleichschaltung der verschiedensten Opfergruppen führen kann. Nicht alle Opfer NS-Deutschlands waren Kriegsopfer, nicht alle Opfer NS-Deutschlands waren Opfer des Nazismus. Dass die Luxemburger als „reindeutschen Stammes“ betrachtet wurden, war keine Erfindung der Nazis.[1] Dass die germanisch-arische Rasse zur Führung der Welt bestimmt sei, also die höchste aller Rassen verkörpere, war auch keine Erfindung der Nazis.[2] Dass die Luxemburger deshalb de facto zur „deutsch-arischen Herrenrasse“ gezählt wurden, war also auch keine Erfindung der Nazis. Und dass Luxemburg aufgrund seiner angenommenen Zugehörigkeit zur deutschen Volksgemeinschaft zu gegebenem Zeitpunkt in das Deutsche Reich eingegliedert werden „müsste“, war auch keine Erfindung der Nazis.[3] All diese Ideen entstanden im 19. Jahrhundert, als die Ideologie des Nationalismus mit der pseudowissenschaftlichen Ideologie der Rassentheorie verknüpft wurde, aus der dann das Konzept des im Kern ausgrenzenden völkischen Nationalstaats entstand. Völkische Ideen waren in Europa ab dem letzten Drittel des 19.... View Article

Ech hannerfroen och den Sënn vun der extrem kuerzer Erwänung vun „eise jiddesche Matbierger“ déi vun der Fro vun der „Religionsbekenntnis“ viséiert waren. D’Nazien haten bis dohinner schonn längst detailléiert Lëschten, goufen dach schonn am 17. Oktober (am éischten Convoi no Osten) 323 Judden deportéiert. Ech hoffen, dass héi d’Leed vun der Jüddescher Bevëlkerung net fir d’eegen Zwecker instrumentaliséiert gëtt. (8/13)
Ech fannen et och extrem bedenklech wéi staark den Här Andreas Fickers vun der Uni Lëtzebuerg kritiséiert gëtt wëll och hien an den C2DH mam Mythos briechen wëllen. Den Här Pirsch huet, eegenen Aussoen no, „Den Artikel [vum Andreas Fickers wou hien iwwert den Broch mam Mythos schwätzt] u méi wéi 10 Deputéierten an Historiker geschéckt.“ Nimm ginn awer erstaunlecherweis guer keng genannt, esou bléift en konkreten Discours onméiglech. (9/13)
An awer ginn ech d’Gefill net lass, genau ze wëssen aus wat fir engem Eck déi Kritik kënnt: „Et ass wichteg dass d’Lëtzebuerger wëssen, wat op der Uni mat hire Steiersuen esou alles finanzéiert gëtt.“
Dass d’LPPD den Artuso-Rapport nach haut net unerkennt ass extrem enttäuschend. Den Rapport war en extrem wichtegem Schrëtt an et gouf héich Zäit dass ouwuel Regierung wéi och Chamber sech als Konsequenz och entschëllegt hunn. https://fondluxshoah.lu/le-rapport-artuso/ (10/13)
Le rapport Artuso - La Shoah au Luxembourg

Le rapport Artuso En mars 2013, le Gouvernement donnait à l’Université du Luxembourg la mission d’étudier de plus près l’éventuelle implication des autorités luxembourgeoises dans les persécutions antisémites pendant l’occupation nazie. Vincent Artuso, l’historien auquel ce travail fut confié, publia en 2015 son rapport final intiulé La ‘question juive’ au Luxembourg (1933-1941). Dans ce rapport […]

La Shoah au Luxembourg
Op den Hiweis vum Vincent Artuso, dass e.a eng LPL am Ufank nach antijüddesch Punkten an hirem Programm hat, mat der d’Ausso, dass een „haut nach stolz [ass], dass d’Resistenz et fäerdeg bruecht huet, dass d’Léit schon deemools aus dene verschiddenste politesche Lageren et ZESUMMEN faerdeg bruecht hunn, eis Fräiheet an d’Natioun ze verdeedegen“ ze reagéieren ass och net grad dat Argument wat een sech vun enger LPPD erwaart hätt. „Eis Fräiheet an Natioun“ déi awer net jiddereen mat zielt. (11/13)
Ob d’Beispill vum „gudden“ Zwangsrekrutéierten wëll ech just op déi Lëtzebuerger hiweisen, déi sech aktiv um Holocaust bedeelegt hunn. https://www.woxx.lu/neuer-nachweis-fuer-beteiligung-am-holocaust-luxemburger-im-reserve-polizeibataillon-101/ D’Wehrmacht war integralen Bestanddeel vun Krichs- a Mënscherechtsverbriechen, et ass verständlech unzehuelen dass och Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert net just „gutt“ waren wéi déi, déi zu Peenemünde d'Pläng vun den V2 Rakéiten fotograféiert hunn. (12/13)
Neuer Nachweis für Beteiligung am Holocaust: Luxemburger im Reserve-Polizeibataillon 101

Die Gräueltaten der Polizeibataillone gelten als wichtiger Bestandteil der Vernichtung der europäischen Juden. Dass Luxemburger im Reserve-Polizeibataillon 101 waren, ist bekannt – ihre Teilnahme am Morden noch nicht – bis jetzt. 2019 wurde bei Recherchen für das Musée national de la Résistance in einer Privatsammlung eine Fotografie des luxemburgischen Wachtmeisters X entdeckt, welche sechs Polizisten des Reserve-Polizeibataillons 101 (RPB 101) – darunter auch X – nach einer gegen Juden und „Banditen“ gerichteten Aktion in Polen zeigt. Die Fotografie ist der bislang konkreteste Nachweis für die aktive Beteiligung eines Luxemburgers an Erschießungen der jüdischen Bevölkerung Polens. Neben der Analyse der Fotografie im ... mehr lesen / lire plus →

woxx
D’Geschicht vun Zweete Weltkrich verdéngt et nuancéiert ugekuckt ze ginn an ech sinn houfreg als jonken Historiker mäin Deel leeschten ze kënnen fir souwuel d’Kollaboratioun, den Attentismus, d’Resistenz an och déi sëlleg an diverse Affergruppen endlech déi Opmierksamkeet ze ginn, déi se brauchen fir dass eis Gesellschaft de Krich besser verstoen kann. Dat sinn mir der Vergaangenheet an der Zukunft schëlleg. (13/13) #luxhist
@MCKitkat182 Do geet warscheinlech vill zréck op d'Ausso "Du waarst am Krich nëmmen ee Gudden, wann s de an der Resistenz waarst, soss waars de e Béisen". Dat verfälscht einfach, wéi et wierklech war. Et ass keen enger Persoun béis, déi net resistéiert huet. An nee, just well s de engem däitschen Zaldot emol eng Schmier gemaach hues, has de net kollaboréiert. Et kann ni einfach a gutt a schlecht agedeelt ginn. Scho guer net am Krich. Dat misste grad si eigentlech wëssen.
@kriskrosso Dat ass jo eis d'Zil mat der nuancéierter Approche mee d'LPPD stellt sech hei Reaktionär dogéint obwuel déi Approche d'Bild an Geschichtsschréiwung vun der Resistenz stäerkt.