Haut e bëssi aneren Artikel vu mir: wéi ass Lëtzebuerg an de fossillen Zäitalter agetratt an d‘Iddi vu scheinbar onbegrenztem Wuesstum méiglech ginn? A wéi glafwierdeg ass dat Versprieche vu „gréngem a nohaltegem Wuesstum“ haut? #luxpol #luxhist https://www.reporter.lu/luxemburg-wirtschaft-eine-kleine-geschichte-des-wachstums/
Grün und nachhaltig? Eine kleine Geschichte des Wachstums - Reporter.lu

Die Regierung will ein „inklusives und nachhaltiges Wachstum“. Es ist ein Festklammern an einem Wachstumsbegriff, der vor 70 Jahren entstand, dessen Widersprüche aber immer deutlicher werden. Eine kleine Geschichte einer sich wandelnden Idee.

Reporter.lu

Ech begréissen d'Efforten zu Suessem fir den Site vun der Source Belval an d'Geschicht ze valoriséieren, mee bedenklech fannen ech, déi däischter Kapitel komplett ze ignoréieren an just eng "Feel Good" Story/Denkmal opzestellen.

Den ale Site gouf vun den Nazien nämlech als lager fir Ostarbeiter:innen zwecksentfremdt. Also haaptsächlech Fraen aus der Sowjetunioun (Ukrain, Belarus, etc) déi vun den Nazien gezwongen goufen hei am Westen ze schaffen. Et waren Zwangsaarbechter. #luxhist (1/2)

D’Geschicht vun Zweete Weltkrich verdéngt et nuancéiert ugekuckt ze ginn an ech sinn houfreg als jonken Historiker mäin Deel leeschten ze kënnen fir souwuel d’Kollaboratioun, den Attentismus, d’Resistenz an och déi sëlleg an diverse Affergruppen endlech déi Opmierksamkeet ze ginn, déi se brauchen fir dass eis Gesellschaft de Krich besser verstoen kann. Dat sinn mir der Vergaangenheet an der Zukunft schëlleg. (13/13) #luxhist
Den 15. Abrëll war d’Generalversammlung vun der LPPD. D’Ried vum President Jean Pirsch gouf dorop per Courrier verschéckt.
Wou ech de Courrier gelies hunn, konnt ech deelweis net gleewen wat do stoung. Als (jonken) Historiker war ech schockéiert wéi d’LPPD mat mir a mengen Co-Historiker ëmgeet. Et gesäit aus, wéi wann d’LPPD seng Reaktionär Positioun wieder festegt am Plaz unzëerkennen, dass et héich Zäit ass eng wäitaus méi nuancéiert Perspektiv op den Zweete Weltkrich ze hunn. (1/13) #luxhist
Am 21. Februar war am Escher Ciné Ariston eng Konferenz iwwert Nationalsozialistesch Organisationen ze Lëtzebuerg an Schëffleng. Dir kënnt déi elo online kucken an e bessi méi gewuer ginn iwwert eng Rei NS-Organisatiounen ënner anerem dem NSFK, dem NSRKB, der NSV an dem NSF / Deutsches Frauenwerk. #luxhist https://youtu.be/b_A7LDpoTDI
Table-Ronde : NS-Organisatiounen zu Lëtzebuerg 1940-1945 - Am Grëff vum Nationalsozialismus - LU

YouTube

Muer den Owend um 19h30 am Ciné Ariston ass d'Table-Ronde iwwert eis d'Buch "Im Griff des Nationalsozialismus".

Kommt lanescht fir d'Geschicht vum enger Handvoll NS-Organisatiounen zu Lëtzebuerg a Schëffleng gewuer ze ginn.

#luxhist

Haut am @tageblatt gëtt et e kuerzen Iwwerbléck iwwert den NS-Fliegerkorps zu Lëtzebuerg an am Kreis Esch. https://www.tageblatt.lu/headlines/die-masse-fuer-den-flugsport-gewinnen/

Den 21. Februar ass am Ciné Ariston eng Table Ronde iwwert d'Buch "Im Griff des Nationalsozialismus" mat den Historiker Jérôme Courtoy, Yann Duarte, Elisabeth Hoffmann, Steve Devé an mir an mat Moderatioun vum Marc Schoentgen.

Kommt gären lanescht oder kaaft iech d'Buch. Et ass fir 10€ an der Schëfflenger Gemeng ze kafen an d'Suen sinn fir de gudden Zweck. #luxhist

Im Griff des Nationalsozialismus (3) / „Die Masse für den Flugsport gewinnen“

Unter den Teilnehmern war auch der Escher Pilot und Vertreter des Escher „Aero-Clubs“ Jean Moia. Er begrüßte die Zusammenlegung als „eine gute Lösung, um Einigkeit zu erzielen.“ Auch der zukünftige Ortsgruppenführer Fred Welter war dem „deutschen Luftsportverband zu größtem Dank verpflichtet“, hatten die luxemburgischen Vereine „doch Jahrzehnte auf Förderung gehofft“. Die Gründung des DLV in Luxemburg knüpfte an die Anfänge des organisierten Luftsports im Land an, die auf den 28. November 1909 zurückzuführen waren. Die darauf folgenden Mondorfer und Merler Flugfeste begeisterten das Publikum, ehe der Erste Weltkrieg den Luftsport zur Pause zwang. Nach dem Krieg weckten belgische und amerikanische Piloten die Begeisterung der Bevölkerung auf den Flugfesten in Merl und sorgten für den Aufstieg von einheimischen Luft-Assen. Einer der Stars war der Pilot Lou Hemmer. 1928 machte er sich als Pilot selbstständig und konnte auf dem Mondorfer Flugfest 20.000 Zuschauer von der Fliegerei begeistern. Neben dem 1909 gegründeten „Aéro-Club luxembourgeois“ bildeten sich weitere Flugvereine, darunter der „Aéro-Club de la Vallée de Kayl“ und der „Aéro-Club du Bassin Minier“ in Esch. Das erste größere Flugfeld wurde 1929 in Esch auf dem Lankhelzerweiher nahe Lallingen aufgebaut. Aus diesem Flugfeld entwickelte sich das Escher Aerodrom. Anlässlich der Unabhängigkeitsfeierlichkeiten 1939 wurden Flugshows und... View Article

Haut de Moien an den Gemengenarchiver den interessantesten Titel vun engem Dossier fonnt:
"Chomage / Judentum"

Yep, den Dossier ass zu 80% Chomagedokumenter vun 1950-1960 a 20% Dokumenter vun der Däitscher Verwaltung iwwert Judden ze Lëtzebuerg / an der Gemeng.

#luxhist

Wann een #chatgpt freet d'Geschicht vu Lëtzebuerg am 20. Jorhonnert (op lëtzebuergesch) ze schreiwen

#luxhist

De Service Information et Presse présentéiert endlech eng Lëtzebuerger Geschicht déi problématiséiert an nët affirméiert

https://sip.gouvernement.lu/fr/publications/minist-etat/sip/brochure/a-propos/A_propos_Histoire.html

#luxhist

à propos... de l'histoire du Luxembourg

Cette brochure présente succinctement l’évolution du Luxembourg du Xe siècle à nos jours. Une timeline présente au fil des pages les dates-clés de l’histoire du Luxembourg. Un code QR qui figure en fin de brochure renvoie vers un...