https://100komma7.lu/news/Jugendparteien-zu-Pefferspray?pd=radio

Mama, ech sinn am Radio.

Ech si schonn negativ iwwerrascht, dass d'JDL op dee Fearmongering Trip mat opspréngt. Wéi oft kenne mir weiderhin hei am Land behaapten, d'Kriminalitéit géif eropgoen, ouni dat mat seriöe Statistiken ze hannerleeën?

Jugendparteie sinn ënnerschiddlecher Meenung zu Pefferspray

Déi jonk Gréng si géint d'Legaliséierung vu Pefferspray. Si widderspriechen der Jugendorganisatioun vun der DP, der JDL, däitlech. D'JDL hat en Dënschdeg an engem Communiqué gefuerdert Pefferspray sollt och zu Lëtzebuerg legaliséiert ginn. D'Vertrieder vun der CSJ an de jonke Sozialiste stinn esou enger Legaliséierung awer méi oppen entgéint. 

https://www.100komma7.lu

@kriskrosso Pfff... Statistiken. Mir liewen an der Welt vu Social Media. Net an der Welt vu gutt recherchéiertem Investigativjournalismus. (sorry #Reporterlu @laschmit

D'Debatte si scho laang net méi op sachlecher, mä emotionaler Ebene gelant, och wa sou gemaach gëtt, wéi wa Fakte mat am Spill wieren. "Ech fille mech onsécher" geet duer fir Sécherheetspolitik ze bedreiwen. Amplaz ze weisen, datt Emotionen oder Ängscht heiansdo onbegrënnt sinn, oder op falschen Annahme baséieren.

@philippe_schannes Jo, dat ass e grousse Problem. An Däitschland gesäit e jo, wie profitéiert, wa Parteien mat den Ängscht vun de Leit spillen. Et ass e Spill mam Feier.

Déi gefillten Onsécherheet muss een als Politiker*innen mMn seriö huelen. Mee gutt Politiker*innen sollen de Leit déi Ängscht huelen a se net verstäerken!

@kriskrosso Absolut. Ass schwéier. D'Angscht baséiert nenger Meenung no vill op dem klasseschen Angscht viru Changement, Angscht virun Neiem, Friemem. Dat erfuerdert vill Iwwerzeegungsaarbecht mat Fangerspëtzegefill. Huet d'Politik säit Joerzéngte vernoléissegt. A lo dréie mer einfach an di aner Richtung, well et ass mi liicht... Mat potentiell krasse Folge.

@philippe_schannes Ech denken dass et vill Grënn fir dat gesteigert Gefill vun der Onsécherheet ginn. U verschiddenen ass d'Politik schold, wéi s du scho geschriwwen hues.

Mee da ginn et och nach aner Faktoren, nämlech dass mir mat de Smartphones permanent Informatiounen ausgesat sinn, vun där hirer Mass mir iwwerfuerdert sinn. Mir hunn d'Gefill, et geschitt mäi Schäiss zu Lb wéi fréier, wat awer guer net stëmmt. Mir kréien just mee oft mat, wann eppes geschitt.

@kriskrosso Jo, also, den Newsoverflow ass scho krass hautzedags. Mä dee war et praktesch och schonn virun 20 Joer. Just, datt et haut duerch Algorithme vu Social Media méi an d'negatiivt gepusht gëtt, a verschidden Newsoutlets feieren dat un, andeems se zu besonneg kriteschen Themen Kommentaren erlaben, se net moderéieren, an déi Beiträg weider op social media verbreeden.
Mir hunn nach keng richteg Léisung fonnt, mä do misst eng Barrière gesat ginn, fir Social Media an de Grëff ze kréien.

@philippe_schannes An et trëfft halt duerch déi allgemeng Veronsécherung duerch Inflatioun, Aarmutsrisiko, Post-Covid etc. op méi fruchtbarem Buedem, wéi virun 20 Joer.

Ech mengen d'Léisunge ginn an den nächste Joren eng vun den dréngenste politesche Froen.