Den #100komma7 schreiwt vum Staatsarchiv anstatt vum Nationalarchive, dee richtegen Numm. An dat ass ongewollt richteg trotz dem Changement aus den 1980er Joeren
https://www.100komma7.lu/news/Ginn-d-Fuerscher-vum-Staatsarchiv-ausgebremst?pd=radio
Ginn d’Fuerscher vum Staatsarchiv ausgebremst?
Enn August huet de Benoît Majerus sech ëffentlech doriwwer beklot, datt hie bei enger Recherche iwwer Bréifkëschte-Firmen net deen Abléck an Archiv-Dokumenter kritt hätt, deen him zoustoe géif. Hien huet sech an deem Kontext d’Fro gestallt, wat d’Nationalarchiven ze verstoppen hätten. An engem Face-à-Face mam Historiker erkläert d’Direktesch vun den Nationalarchiven, d’Josée Kirps, firwat si de Fuerscher verschidden Dokumenter virenthält.