Schlussendlech kéint alles beim #Nordstad-Syndicat ënner "regional Zesummenaarbecht" falen. An dat ass demokratietechnesch ee rise Problem.

Edit: Dat gesot, et mécht absolut Sënn esou Saachen aktuell iwwer de Syndicat lafen ze loossen. D'Fro déi sech mir just stellt, wat man mer wann näischt aus der Fusioun gëtt? Outsourcë mer dann alles an de Syndicat?

https://www.reporter.lu/luxemburg-politik-sportministerium-das-heikle-erbe-der-vorgaenger/

Mir geet dat Gelitts am Kader vun der #Nordstad op d'Schlappen.

Déi genannte 66% am Duerf Ierpeldeng ass eng Rechnung ouni d'Bréifwieler*innen.

Et hunn insgesamt 82% beim Referendum matgemaach (88% waren et bei de leschte Gemengewalen). Genau Zuele fir déi eenzel Dierfer ginn et net, well d'Bréifwieler*innen een eegene Bureau haten, mä se kënne grad fir Ierpeldeng als gréissten Duerf net wäit dovunner fort sinn.

☑️ 58,88% JO zu Ierpeldeng-Sauer!
Mir freeën eis immens iwwer d'Resultat vum Referendum zu Ierpeldeng-Sauer. Elo gëllt et d'Fusioun bis zum definitive Referendum uerdentlech a mat aller Kraaft virzebereeden.
Dobäi muss virun allem d'Kommunikatioun mat de Leit däitlech eropgeschrauft ginn. Et geet net duer 3-4 nei Infrastrukturen de Leit ze verspriechen, mä mir musse verständlech erklären, wisou eng Fusioun fir eis all vu Virdeel wier. #nordstad #luxpol

Ech krut d'Zuele vun Ierpeldeng:
JO 58,88% - 812 Stëmmen
NEE 41,12% - 567 Stëmmen

#nordstad #luxpol

Dat Schéint un haut, egal wat beim Referendum zu Ierpeldeng-Sauer geschitt, ech sinn op béides virbereed a ka béide Fäll eppes ofgewannen ^.^
#nordstad
Mir schwätzen eigentlech gäre mat Dir iwwer Inhaltleches. Dat geet hei net esou einfach. Beim Referendum geet et nämlech ëm d'Fro, ob mir an der Nordstad an 2 Joer "den Inhalt" virgestallt kréien oder net. Mir hoffen also op ee JO fir datt mir déi Diskussioun mat Dir 2027 kënnen hunn. #Nordstad #luxpol
Ee Sonndeg ass ee Referendum zu Ierpeldeng zur #Nordstad. All déi lescht Walen déi mech (in)direkt tangéiere sinn negativ ausgefall. Gespaant, ob dat hei nees de Fall wäert sinn x)
Nächste Sonndeg ass zu Ierpeldeng-Sauer ee Referendum iwwer d'Fro, ob d'Gemeng weider un den Diskussiounen zur Nordstadfusioun deelhuele soll. Mir empfehlen iech mat JO ze stëmmen, gesi gläichzäiteg och wéineg Grënn fir en Nee. Schliisslech ginn et réischt Detailer zur geplangter Fusioun bis 2027, an dee Moment gëtt et och een definitive Referendum an alle Gemengen.
#luxpol #Nordstad

Ech hunn de Feeler gemaach op der Infoversammlung zu Angelduerf eppes ze soen. Ech gouf duerno vun zwee Bierdener fir op d'mannst eng hallef Stonn belagert 😅 #Nordstad

(Huet awer Spaass gemaach)

D'LSAP ënnerstëtzt dat esou vill, datt hire Shootingstar-Buergermeeschter (ass en dat nach, no Heescheverbuet a co.?) zu Ettelbréck et verschlof huet. #luxpol

Aner Remarque: An der #Nordstad schwätzen d'Buergermeeschteren sech esou gutt of, datt just Schieren sech deem ugeschloss huet 🤷🏻‍♂️ https://www.tageblatt.lu/headlines/breite-front-gegen-atomkraft-gemeinden-und-lsap-stellen-sich-gegen-laufzeitverlaengerung/

Cattenom / Breite Front gegen Atomkraft: Gemeinden und LSAP stellen sich gegen Laufzeitverlängerung 

Ob der möglichen Laufzeitverlängerung des Atomkraftwerkes Cattenom mobilisieren zahlreiche Luxemburger Gemeinden. Unterstützung erhalten sie vonseiten der LSAP.