🌻 2 Joer neie Gemengerot – Zäit fir een Tëschebilan!

✅ De SICONA-Bäitrëtt ass sécherlech de gréisste gréngen Erfolleg an de leschten 2 Joer, mä net dat Eenzegt, wat d'Svenja Birchen huet kënnen ustoussen oder ëmsetzen.

Dat nächst Joer soll z.B. fir déi éischte Kéier den Ëmweltdag zu #Ettelbruck organiséiert ginn, dat op Impuls vum Svenja. Als Co-Presidentin vun der Ëmweltkommissioun huet hatt och drop higewierkt, datt d'Gemengegäert méi naturschounend bewirtschaft ginn. #luxpol

Duerch eng Interventioun am Gemengerot huet d'Svenja dofir gesuergt, datt de Schäfferot sech mat Léisunge fir de Verkéierschaos am Boulevard Grande Duchesse Charlotte ausenanersetzt.

Wann ee seriö a konstruktiv schafft, da kann een och als eenzel Persoun am Gemengerot eppes erreechen. Gréng wierkt! 💚

Méi Infos zum SICONA: https://sicona.lu/
Méi zu eiser politescher Aarbecht zu #Ettelbruck: https://ettelbreck.greng.lu/

🛠️ Nächst Woch: Et bleift nach vill ze maachen! #luxpol

SICONA – Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature – SICONA Sud-Ouest & SICONA Centre

SICONA