Am Bistro mat der woxx #379 – Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Zu Lëtzebuerg ass d’Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu gëtt. Déi leien awer wäit iwwer de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Déi aktuell Donnéeë weisen: Et gëtt keen Niveau vu Loftverschmotzung, dee wierklech gesond ass. Elo soll een neit Gesetz kommen. Dat huet zwar méi streng Standarden, mä d’Regierung ass net ambitionéiert genuch – mat Konsequenze fir d’Gesondheet.
An dëser Episod schwätzen de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui iwwert d’Diskrepanz tëscht politescher Realitéit a wëssenschaftlechen Erkenntnisser.

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Luftqualität: Atemlos durch die Jahr(zehnt)e

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2413055/c1e-08kpxc7k17ph6dm8z-9jwkxj1dur47-liysj0.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #378 – Pestiziden: Geféierleche Fréijoerscocktail?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Pestizidréckstänn bei Lëtzebuerger Äppel hu viru kuerzem fir hefteg Diskussioune gesuergt, mä  de Problem limitéiert sech net just op Äppel. Och wann d’Réckstänn ënner de gesetzleche Grenzwäerter vun der EU leien, stellt sech d’Fro, wéi Pestiziden an der Kombinatioun wierken: Wat mécht de „Cocktail“ aus verschiddene Substanze mat eisem Kierper? An dëser Episod schwätzen de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui iwwert d’Risike vu Pestiziden an iwwert déi politesch Entwécklungen op EU-Niveau.

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Pflanzenschutzmittel: Cocktail zum Frühlingsstart

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2407188/c1e-7039mtv9227s5zkn2-dm1ww8o5fjzv-ipjjah.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #377 – Wéi d’Asylpolitik zu Lëtzebuerg ëmmer méi onmënschlech gëtt

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch diskutéieren zwee Journalist*innen iwwert d’Asylpolitik zu Lëtzebuerg.

Den Toun iwwert Asylpolitik gëtt ëmmer méi schaarf. Flüchtlinge ginn als potenziell Krimineller oder als Belaaschtung ugesinn, wéi zwou rezent Aussoe vu Ministere weisen. Mä déi Stëmmung schléit sech och a Gesetz ëm. Ee Beispill dofir ass de regroupement familial, bei dem d’Regierung elo vill méi streng Reegele wëll ëmsetzen. An dëser Episod vum woxx-Podcast diskutéieren d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert déi Lëtzebuerger Asylpolitik, de Rietsruck an der Sprooch, d’Ignoréiere vum internationale Recht a wat dat alles fir Konsequenzen huet.

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Politique d’asile : Encore un durcissement & Umgang mit Flüchtlingen: Rauer Ton, rauere Taten

 

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2401703/c1e-j7d3vt4qpvnb55g41-kpjg2423i14q-peitpa.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #376 – Directive de la vigilance

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles.

Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des négotiations au niveau européen et dorénavant adoptée, au Luxembourg, une question cruciale se pose : comment se transposera-t-elle en loi nationale et qui contrôlera le respect des droits humains et environnementaux par les multinationales ? Alors que la société civile réclame une autorité indépendante, le ministère de l’Économie ne semble pas être partant — et soulève des questions sur les conflits d’intérêts au sein du gouvernement.

L’article dont nous avons parlé : Devoir de vigilance : Qui sera le gendarme des multinationales ?

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2393066/c1e-3od79aw5x6xbwgqq1-dm192mkzhk63-mb5wcl.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg klimaneutral sinn, da sollt et souwisou keng Gas- oder Masuttsheizunge méi ginn. Mä dat ass net esou einfach. De Mouvement écologique huet een 11-Punkte-Plang virgestallt a werft der Regierung vir, déi néideg Transitioun ze verschleefen.  Am Podcast schwätzen d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert den aktuelle Stand vum Hëtzen zu Lëtzebuerg, d’Problemer beim Plange vu Fernwärme-Netzer an der Fro, wat da géif geschéien, wann een*t sech 2049 nach géif eng Masuttsheizung abauen.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Klimafreundlich heizen: Ausstieg aus Öl- und Gasheizungen

 

 

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2384375/c1e-2xn43aq1vxosqqddk-34xj30jkiwxz-sxdirc.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #374 – Social-Media-Verbuet: Sécherheet oder Iwwerwaachung?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Soll Social Media fir Jugendlecher ënner 16 Joer verbuede ginn? An ëmmer méi europäesche Länner gëtt dat diskutéiert – och zu Lëtzebuerg. Als Argument gëllt de Schutz vun der mentaler Gesondheet. Mä d’wëssenschaftlech Evidenz ass méi nuancéiert wéi d’politesch Debatt et vermudde léisst. E Verbuet hätt Konsequenze fir all Benotzer*innen: Fir d’Alter ze kontrolléieren, misst d’Identitéit iwwerpréift ginn, mat Auswierkungen op Dateschutz an Anonymitéit am Netz. Gläichzäiteg ginn et Fuerderungen no enger méi staarker Reguléierung vun de Plattformen an no méi Medienbildung.

Iwwer Schutz, Fräiheet a méiglech Alternativen schwätzt d’Melanie Czarnik mam Joël Adami an dëser Episod.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Social-Media-Verbot und seine Folgen: Ausweispflicht im Internet

 

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2375862/c1e-j7d3vt413z5f5vdx9-47o33xozh8k5-ghpdvv.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a weisen heiansdo aner Symptomer wéi Männer, déi net ëmmer erkannt ginn. Et geet dobäi net nëmmen ëm Hormonen, mee och ëm Aarmut, Care-Aarbecht, Stereotyper an strukturell blann Flecken an der Fuerschung. Iwwer d’Fro, wéi e Gesondheetssystem wierklech evidenzbaséiert ka funktionéieren, schwätzen de Joël Adami an d’Melanie Czarnik an dëser Episod.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Geschlechtersensible Medizin: Der „kleine“ Unterschied | woxx

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2369333/c1e-zm2kwa35djmc1xkkk-0v9139jjij2x-j3jhcp.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #372 – Wat Wirtschaft a Biodiversitéit mateneen ze dinn hunn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Weltbiodiversitéitsrot IPBES ass fir d’Biodiversitéit dat, wat de Weltklimarot IPCC fir d’Klima ass. Een neie Rapport vun dësem Expert*innengremium beschäftegt sech mat der Relatioun tëscht Ekonomie an Ökologie. Wien elo mengt, datt et jo souwisou kloer ass, datt d’Wirtschaft d’Ëmwelt zerstéiert, läit zwar net ganz falsch, mä ganz korrekt ass et och net: Vill Beräicher vun eiser Ekonomie hänken direkt oder indirekt vum Zoustand vun der Natur of. Am Podcast diskutéieren d’Melanie Czarnik an d’María Elorza Saralegui iwwert dës Zesummenhäng. Si schwätzen awer och kuerz iwwert dem US-Präsident Trump seng nei Politik zu den Zäregasen.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Die Wirtschaft schießt sich ins Knie

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2361825/c1e-q7mo0t7zgkkajjw3v-okpkgxkkf1vo-7ubklf.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #371 – Wisou et fir LGBTIQA-Persoune wichteg ass, Virbiller ze hunn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wärend op sozialen Netzwierker d’Diskussiounen ëm genderneutral Toiletten a Schoule gefouert goufen, huet de leschte Freiden d’LGBTIQA-Gemeinschaft zu Lëtzebuerg sech selwer gefeiert. Am Rainbow Center goufen d’LGBTQIA+ Role Model Awards verginn. D’Melanie Czarnik war fir d’woxx op der Plaz an erzielt am Podcast, wat hir Andréck waren, wisou et wichteg ass, gutt Virbiller ze hunn a wat d’Serie „X-Files“ domadder ze dinn huet.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Vorbildfunktion

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2350150/c1e-3od79awxrxzawwpqg-5z3rgp0daxq6-dix6xt.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #370 – Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d’Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä och u generell méi schlechten Haftkonditiounen, méi schlechter medezinescher Versuergung a stereotyppen Atelieren. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wisou dat esou ass a wisou sech zanter Joerzéngte kaum eppes vun dëser Situatioun geännert huet, obwuel de Grand-Duché virun net emol véier Joer ee fuschneie Prisong opgemaach huet – mä deen ass ebe just fir Männer.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Block F

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2343589/c1e-g73zvtrg956fwwrmg-qd11v78zur17-exmngp.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.