Am Klimaschutz: Et geschitt wéineg, an dorop weist och den Ettelbrécker Punktewäert am Klimapakt hin dee säit Joren bei 50% dümpelt. Et gi keng Pläng fir kommunal Gebaier energetesch ze sanéieren, nei Photovoltaikanlage ginn zwar Joer fir Joer ugekënnegt awer net ëmgesat an op d'Fernwärme wëll LSAP-CSV ëmmer nach net setzen. #Ettelbruck #luxpol

🌻 2 Joer neie Gemengerot – Zäit fir een Tëschebilan!

Et kann ee wéi d'Svenja nach sou gutt a vill schaffen, wann een an engem Gemengerot zu 13 eleng ënnerwee ass, kritt ee villes net esou hinn wéi een et am léifsten hätt. Dat hält awer weder d'Svenja, nach eis als gréng Sektioun dovunner of weider un deenen Themen ze schaffen. #Ettelbruck #luxpol

Duerch eng Interventioun am Gemengerot huet d'Svenja dofir gesuergt, datt de Schäfferot sech mat Léisunge fir de Verkéierschaos am Boulevard Grande Duchesse Charlotte ausenanersetzt.

Wann ee seriö a konstruktiv schafft, da kann een och als eenzel Persoun am Gemengerot eppes erreechen. Gréng wierkt! 💚

Méi Infos zum SICONA: https://sicona.lu/
Méi zu eiser politescher Aarbecht zu #Ettelbruck: https://ettelbreck.greng.lu/

🛠️ Nächst Woch: Et bleift nach vill ze maachen! #luxpol

SICONA – Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature – SICONA Sud-Ouest & SICONA Centre

SICONA

🌻 2 Joer neie Gemengerot – Zäit fir een Tëschebilan!

✅ De SICONA-Bäitrëtt ass sécherlech de gréisste gréngen Erfolleg an de leschten 2 Joer, mä net dat Eenzegt, wat d'Svenja Birchen huet kënnen ustoussen oder ëmsetzen.

Dat nächst Joer soll z.B. fir déi éischte Kéier den Ëmweltdag zu #Ettelbruck organiséiert ginn, dat op Impuls vum Svenja. Als Co-Presidentin vun der Ëmweltkommissioun huet hatt och drop higewierkt, datt d'Gemengegäert méi naturschounend bewirtschaft ginn. #luxpol

Nach eng schlecht Noriicht direkt hannendrun.
Elo am Hierscht wäert et ee grousse Chantier am Agank vun Ettelbréck, op der Héicht vum #Ettelbruck One/Centre d'administration Nordstad ginn.

(Huelt den Zuch!)

Oh boy, hunn ech schlecht Noriichte fir eis all: Et gëtt anscheinend aktuell un enger Entspanung vun der Verkéierssituatioun am ominéise Rond-Point zu Ettelbréck geschafft.

Dat seet mengen ech genuch doriwwer aus, wéi wäit dee Contournement fort ass. #Ettelbruck
https://www.tageblatt.lu/headlines/gefangen-im-trichter-die-verkehrsqual-auf-der-n7-erlebt-man-auch-im-sommer/

#Introduction

Hey everyone! It has been a long time coming, but we are finally here! We are the regional section of the Luxembourgish Green Party, composed of the municipalities of #Schieren, #Erpeldange-sur-Sûre, #Ettelbruck and #Diekirch, called Nordstad!

Moien alleguerten! Endlech si mer och hei ënnerwee! Mir sinn déi gréng Regionalsektioun aus der #Nordstad! Gemanaged gëtt dësen Account vum @klotiii!

#luxpol #Lëtzebuerg #Luxembourg

Eng gutt Noricht aus dem Ettelbrécker Gemengerot: D'Gemeng wëll endlech dem Naturschutzsyndicat SICONA bäitrieden.

Eng schlecht Noricht aus dem Ettelbrécker Gemengerot: Et dümpelt ee weiderhin bei ~50% am Klimapakt, an de Schäfferot gesäit dat net als seng Schold un. Et wier een halt eng méi urban Gemeng.

#luxpol #Ettelbruck

Ech mengen den Här Buergermeeschter Steichen huet net wëlles fir iwwer eisen oppene Bréif an dem Här Nicolay seng Ënnerschrëft vun der Anti-LGBTQIA+ Petitioun ze schwätzen. #Ettelbruck #luxpol
Eisen net méi sou neie Buergermeeschter ass halt och einfach just eng Extensioun vun der CSV. #ettelbruck