Am Bistro mat der woxx #382 – Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d’Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat Chatbots ëmzegoen. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Melanie Czarnik doriwwer, firwat dat problematesch ka ginn a firwat d’Campagne selwer net ëmmer esou kritesch ass, wéi se et wëllt sinn.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Künstliche Intelligenz: Falscher Freund
https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/2431447/c1e-p24xrtwwk1waq8oo2-0v0p5g8xfqg1-uxlmzc.mp3
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.









