Kontext: ech refuséiere #Payconiq aus Dateschutzgrënn (reverse phone lookup) a kennen et deementspriechend kaum.
Ech hunn elo mol am private Kreess gefrot, ob sou en Transfer eigentlech identesch zu engem Virement behandelt gëtt. Also inklusiv der Wunnadress.
Äntwert: Jo.
Flott. Besonnesch wou et well op all Dëppefest "normal" ass, d'Grillwurscht mat Payconiq ze bezuelen... Inklusiv vollem Numm a Wunnadress.
Mee hu mer se dann nach all?
Vill Spaass mam #Wero gewënscht.